Neiegkeeten an Abléck

Leneda - Visualiséiert Är Energie-Donnéeë

23 Apr 2025

Spannend Neiegkeet: Visualiséiert Är Energie- Donnéeë mat Leneda! 🚀

Mir si ganz begeeschtert, Iech eng nei Funktionalitéit an der Leneda-Applikatioun virzestellen! Mat deem neisten Update ginn Är Energie-Donnéeën elo grafesch a méi verständlech duergestallt, wat et fir Iech méi einfach mécht Är Verhalensweis ze verstoen. Egal ob Dir Energie verbraucht, produzéiert, mat Iech selwer oder mat Aneren deelt gouf dës Funktionalitéit entwéckelt fir Ären Energiefloss méi transparent a verständlech duerzestellen.

🔗 Nei Grafike verfügbar

Déi éischt Grafik baséiert op den Energie-Wäerter vun Ären Zieler a weist eng Iwwersiicht vun deene véier méiglechen Energieflëss un:

  • Energie déi Dir um Marché kaaft
  • Energie déi Dir un de Marché verkeeft
  • Energie déi mat Iech gedeelt gëtt (vun sech selwer oder engem aneren)
  • Energie déi Dir mat Iech selwer oder engem aneren deelt


Dës Visualiséierungen hëllefen Iech, séier ze gesinn a matzeverfollegen, wéi d’Energie an d’Haus oder d’Firma eran- oder erausfléisst.

Méi detailléiert Ablécker

Déi zweet Grafik geet nach e Schrëtt méi wäit a bitt eng detailléiert Analys vun den Energieflëss op Basis vun den installéierten Zieler an de verfügbare Moosswäerter. Dat erméiglecht eng méi fein Ofstëmmung vum Energieverbrauch a vun der Produktioun.

Bleift drun!

Mir schaffe weider dorun d’Leneda API ze verbessere fir Iech déi bescht méiglech Benotzererfarung ze bidden. Mir setzen eis dofir an, dass Dir déi néideg Informatiounen aus Ären Donnéeë kënnt gewannen, a mir freeën eis op Äre Feedback a nach weider spannend Neiegkeeten!

Vill Spaass beim Benotze vun der neier Funktioun! 💻